Interview mam Luc Spada

Über die Autoren

Luc Spada, lëtzebuergeschen Schauspiller a Schrëftsteller

Schüler 2BE: Wat sinn Är Motivatiounen respektiv Är Grënn fir är Schauspiller-Carrière?

Luc Spada: Gudd Geschichten erzielen, ze wëssen, dass een fir ee Resultat e puer Wochen oder Méint zesummen ass, an dass um Enn eppes stoen muss. An dass dono eppes Neies kënnt, wat een erëm nei erausfuerdert, wat d’Virbereedung, d’Leit ronderëm an den Inhalt ugeet. Dat ass ähnlech wéi beim Schreiwen, eng Idee, dann eng Geschicht, dann e Resultat, wat ufänkt nei ze „liewen“, wann een et aus der Hand gëtt.

Schüler 2BE: Wéini ass d’Meenungsfräiheet en aktuellt Thema hei zu Lëtzebuerg ginn?

Luc Spada: Ech wier frou, wann et keen Thema méi wier, mee dass et kloer wier, dass et d’Meenungsfräiheet gëtt, dass se immens wichteg ass, – a fäerdeg. Ech mengen awer tatsächlech, dass d’Fräiheet, seng Meenung ze soen – och wann dofir net all Meenung muss richteg sinn – och zu Lëtzebuerg méi en Thema ginn ass, wou och Lëtzebuerg „real“ gemierkt huet, dass mir keng Insel sinn, mee eben en Deel vun engem grousse Ganzen, wou et net nëmmen duergeet ze soen „Mir wëlle bleiwen, wat mir sin“. Vläit geet et zu Letzebuerg manner ëm d’Meenungsfreiheet, mee méi dorëm, wat dono passéiert: wéi gi mer mat verschiddene Meenungen ëm, ouni ëmmer an Extremer ze landen. Fräi, sachlech, tolerant, ouni Hetz.

Schüler 2BE: Wou sinn Ärer Meenung no d’Grenzen vun der Meenungsfräiheet am Theater?

Luc Spada: Do, wou et net méi ëm d’Saach geet, also dorëm, eng Geschicht ze erzielen, mee wou d‘Konscht mëssbraucht gëtt, fir aneren ze schueden.

Schüler 2B: Wéi fräi fill Dir Iech an Ärem Schreiwen an an Ärer Konscht?

Luc Spada: Ech pobéiren Erfahrungen esou ze erliewen, dass ech aus dem Bauch eraus ka schreiwen oder spillen, awer matt enger gewëssener Distanz zu dem Tatsächlechen, wat ech selwer erliewt hunn. Ech loos- sen mer awer ni verbidden, ëppes op der Bühn ze soen, nëmmen well een am Publikum sech dovunner ugegraff kéint fillen, egal op et ëm Relioun, Soziales, Léift oder Politik geet.

Schüler 2BE: Mierkt Dir Ënnerscheeder an der Toleranz bei de Leit aus verschiddene Natiounen, zum Beispill, wann Dir an Däitschland optried, gëtt et do en Ënnerscheed an de Reaktiounen?

Luc Spada: Zu Lëtzebuerg sinn d’Leit immens opmierksam am Publikum, wohlwollend, an der Regel a roueg. An Däitschland, oft Berlin, hunn ech heiansdo méi d’Gefill, dass d’Leit kommen, well een dat eben sou maache muss, a vläit manner konzentréiert sin.

Schüler 2BE: Gouf et an de vergaange Joere Fäll, an deenen en Theaterstéck verännert oder net gespillt gouf, well et ze provokativ, politesch inkorrekt oder verletzend war?

Luc Spada: Ech gouf heiandsdo gewarnt, dass gewësse Sätz vläit falsch verstaane ginn. Risiko! Et däerf ee ni vergiessen, dass een heiandsdo mëssverstaane ka ginn. Dowéinst ass et wichteg, sech bewosst ze sinn, wann een op Bühn geet, dass een eng Verantwortung huet, dat serieux ze maachen. Awer verbueden gouf mir nach neischt, an dat géif ech och net acceptéieren.