Quelle: Filthy Broke Billionaires
Wir hatten die Möglichkeit, ein Interview mit Filthy Broke Billionaires, einer luxemburgischen Rockband zu führen. Für die Mitglieder der Band gibt es zum größten Teil keine Einschränkungen in ihrer Musikszene. Doch wie es wahrscheinlich viele Bands machen, setzen sie sich Grenzen, um ihr Publikum zu behalten, denn es gilt die Regel: Was gehört wird, entscheiden noch immer die Hörer.
LAML: Seit den Uschléi vun Paräis, wou jo am Bataclan ronderëm geschoss gouf, ass jo vill iwwert dat Thema geschwat ginn an et koumen Froen op: Wéi secher ass et op engem Concert respektiv Festival? Wéi wäit därf ee seng Meenung zu verschiddene Saachen äusseren, fir net ouni herno selwer an d’Kräizfeier ze geroden? Wie fräi fill där iech an der Musiksszen?
Spit: Ech si kee Frend vun Iwwerdreiwungen, wirklech guer net. A genau, wells du dat elo uschwätz: Ech fanne net, dass dat ze vill soll thematiséiert ginn, well domadder spillt een denen, déi esou Saache maachen, just de Ball zou. Kloer, et si Saachen, déi erféieren een, an et muss ee sech iirgendwéi domadder ausernee setzen – et soll een et awer net iwwerreizen. Fir mech perséinlech ass et esou: Ech maache virun wéi ëmmer! An ech fannen net, dass een do iirgendwéi Saache muss iwwerdenken, et fillt een sech secher, well et ass een an enger Gemeinschaft zesummen. Wees de, du kéins och irgendwou op enger Plaz erschoss ginn, op daat an der Stad ass oder soss op irgendenger aaner Plaz. Mir liewen an enger Zäit, déi irgendwéi – an dat fannen ech guer net gutt – ëmmer méi paranoid gëtt, mee ech fannen, et soll een trotz deem Ganzen esou weider maachen wéi ëmmer. Denk net driwwer no! Wann deng Stonn komm ass, dann ass se komm. Egal, wou dat ass.
Yacke: Ech denken einfach, dass et op engem Festival nach esou secher ass wöi virun fënnef Joer, an nach genau esou onsecher wéi viru fënnef Joer. Wann iirgendeen e Moyen wëllt fannen, fir déi aner Leit scheissen ze doen, da fënnt en deen. Egal, wéi secher dat ass. A ganz um Rand bemierkt, ouni ze wäit an déi Diskussioun ze goen: Do ginn et Leit, déi uewen sinn an dem System hei, déi lénks an riets hir Maguillen maache ginn. Da setzen se ons Fräiheet op d‘Spill duerch hir paranoid Art an Weis, fir déi Saachen ze geréieren. Si gi Scheiss bauen an da kënnt et op se zréck, an dann heescht et op eemol: Du däerfs dat hei net méi maan, du däerfs dat do net méi maan – an esou gëtt all Mensch paranoid, an dat ass och egal wat.
LAML: Giff et da Saache ginn, wou der ni gifft driwwer schreiwen oder Saachen, wou der sot, et muss do driwwer geschwat ginn, och wann et ee stéiert? Ginn et nach Grenzen respektiv Tabus?
Yacke: Nee, et gi keng Grenzen!
Quelle: Filthy Broke Billionaires
Priscila: Nee, mee ech fannen, verschidde Saache mussen awer eng Limite hunn, fir e gewësse Publikum ze erreeschen. Du kanns net soen: Dir sidd all Arschlächer, ech haassen iech, feckt iech all. Also, du kanns et maachen, kloer, mee da wäers de villäicht mat denger Musék net esou accessibel sinn, wéi elo dat, wat mir maachen.
LAML: Fills du dech dann an denger Fräiheet, fir Texter ze schreiwen, ageschränkt?
Priscila: Nee, am Fong net.
Yacke: Ech denken, also fir mech perséinlech, dass et keng Limite ginn. Mir hunn jo scho vun aneren Leit héieren: Konscht ass fräi! Liberté d’expression an esou weider. Et kënnt alles op de Kontext un. Op der anerer Säit soen ech: Wanns de et zu dengem Haaptelement vu Musék mëss, Leit fäerdeg ze maachen oder dégoulass ze sinn, dann ass dat eben esou. Mee dann erwaart der net ze vill positiv Kommentarer.